Ëffentlech Consultatioun zu de Resultater vun de “Programme de Développement rural” (PDR)

während der Period 2007 bis 2013

De PDR  vun der Europäescher Unioun profitéiert vun bedeitende Bäihëllefen säitens der EU a gëtt dohier reegelméisseg evaluéiert, fir seng Resultater ze verbesseren an déi beschtméiglech ëffentlech Finanzéierung ze garantéieren.

Zu dësem Zweck organiséiert d’Europäesch Kommissioun tëscht dem 22. Januar an dem 20. Abrëll 2018 eng ëffentlech Consultatioun zum PDR fir d’Period 2007 bis 2013.

Deelhuelen kënnen souwuel Baueren, wéi och Veraarbechter, Eenzelhändler, Grossisten, Privatpersounen, déi a ländleche Regioune wunnen, national a regional Autoritéiten, professionell Organisatiounen (Associatiounen, Handelskummeren, etc.), ONGen an zivilgesellschaftlech Organisatiounen an aner ëffentlech Institutiounen.

D’Europäesch Kommissioun wäert hir Conclusiounen aus der Evaluatioun vun de Resultater zéien an se bäi der Ausschaffung vun der “politique agricole commune” (PAC) fir d’Period no 2020 berécksiichtegen.

Fir d’Deelhuelen un der Ëmfro a fir weider Informatiounen verweisen mir op folgenden Link: https://ec.europa.eu/info/consultations/performance-rural-development-programmes-2007-2013-period_fr

Aktualiséiert