Afrikanesch Schwéngspescht – nach kee Fall zu Lëtzebuerg

Am Moment gëtt et nach kee Fall vun Afrikanescher Schwéngspescht hei am Land. Lëtzebuerg huet sech awer schonn drop virbereet, andeems en Noutplang ausgeschafft gouf fir déi verschidden Déiereseuchen, ënnert déi och d’Schwéngspescht fält.

Donieft gouf eng Task Force „Afrikanesch Schwéngspescht“ opgestallt, wou sech mat de betraffene Leit aus deene verschiddene Secteuren berode gëtt.

Fir d’Leit (virun allem d’Camionschaufferen), déi aus deenen osteuropäeschen Länner kommen, wou d’Afrikanesch Schwéngspescht ausgebrach ass, ze sensibiliséieren, huet d’Veterinärverwaltung zesummen mat Ponts et Chaussées eng Informatiounscampagne op de Raststätten gestart. D’Iessensreschter sollen onbedéngt an de Poubellen entsuergt ginn an net an d’Natur geheit ginn, well e Wëllschwäin sech duerch infizéiert Liewensmëttel ustieche kann. Och d’Saisonsaarbechter am Gaarden- a Wäibau ginn sensibiliséiert. Um Fluchhafen goufen Panneauen opgestallt, fir d’Leit drop opmierksam ze maachen, datt se keng déieresch Produkter aus anere Länner mat op Lëtzebuerg solle bréngen. Heibäi gëtt enk mat der Douane zesummegeschafft.

Och déi Professionell aus dem Schwéngssecteur an d’Jeeër mussen iwwert déi néideg Biosëcherheets- an Hygienesmoossnamen informéiert sinn, fir enger Iwwerdroung virzebeugen.

D’Verbreedung vum Virus geschitt entweder duerch direkte Kontakt tëscht Hausschwäin respektiv Wëllschwäin oder indirekt iwwert infizéiert Material, de Mënsch, infizéiert Fleesch oder Fleeschprodukter. Wichteg ze wëssen ass, datt de Virus net geféierlech fir de Mënsch ass, weder duerch direkte Kontakt mam Schwäin, nach duerch d’Konsuméieren vun infizéiertem Fleesch.

En Impfstoff géint d’Afrikanesch Schwéngspescht steet bis elo net zur Verfügung.

 

  1. Aire de Capellen

    ©ASV

  2. Aire de Capellen

    ©ASV

  3. Aire de Berchem

    ©ASV

  4. Aire de Berchem

    ©ASV

Zum letzten Mal aktualisiert am