Konferenz «L’avenir de l’alimentation et de l’agriculture: pour une politique agricole commune flexible, juste et durable»

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Konsumenteschutz, Fernand Etgen, huet op d’Konferenz « L’avenir de l’alimentation et de l’agriculture: pour une politique agricole commune flexible, juste et durable » invitéiert. Dës Konferenz ass als e kick-off vun engem Gedankeprozess ze gesinn, den zu enger flexibeler, fairer an nohalteger gemeinsamer Agrarpolitik soll féieren.

Fir op déi aktuell an zukünfteg Erausfuerderungen wéi de Klimawandel, d’Onbestännegkeet vun de Präisser an d’politesch a ekonomesch Onsécherheet ze reagéieren an d’Acteuren vum Secteur während dësem Wandel ze begleeden brauch et eng permanent Iwwerleeung.

Während der Konferenz, déi am Kader vun den „Zukunftsforen“ stattfonnt huet, huet de Pierre Bascou d’Kommunikatioun vun der europäescher Kommissioun « L’avenir de l’alimentation et de l’agriculture » virgestallt. Dës „Zukunftsforen gi reegelméisseg vum Minister Fernand Etgen organiséiert. Déi haiteg Konferenz ass als eng Plattform ze gesinn, déi en erweiderten Dialog tëscht all de professionellen Acteuren aus dem Agrarsecteur fërdere soll.

Aktualiséiert