Landwirtschaft live mam Romain Schneider: Stellt är Fro un de Minister

Am Kader vun der virtueller Foire Agricole zu Ettelbréck invitéiert de Landwirtschaftsminister Romain Schneider Iech op eng Diskussiounsronn iwwert d‘Landwirtschaft.

Lokal-saisonal-bio stoungen nach ni esou am Trend ewéi elo, genee esou wéi d’Asiicht, datt mir eis Onofhängegkeet vum Import aus dem Ausland weider wëlle reduzéieren.

Mir setzen eis dofir fir eng “Landwirtschaft +” an, déi souwuel ekonomesch, ekologesch wéi och sozial nohalteg ass.

 

Dir sidd um Thema interesséiert? Dann huelt d’Deel op fae.lu a stellt Är Froen, entweder live e Freideg, 3.Juli um 5 Auer Mëttes oder elo scho via live@ma.etat.lu.

Zum letzten Mal aktualisiert am