Renaturéierung vun aarteräichem Gréngland

Formatioun fir Baueren am Kader vum Projet "Natur genéissen - mir iesse regional, bio a fair!"

De Projet "Natur genéissen – mir iesse regional, bio a fair!" huet zum Zil, direkt Liwwerbezéiungen tëscht Maisons relais a regionale Baueren, déi hir Produiten no nohaltege Kritären hierstellen, opzestellen. An dësem Kader bitt de SICONA de "Natur genéissen"-Produzenten, awer och weideren interesséierte Baueren, eng Formatioun zu folgendem Thema un:


Deel 1, am Centre Turelbaach:

  • Wat ass aarteräicht Gréngland, a virwat ass et esou schützenswert?
  • Wat seet den nationalen Naturschutzplang iwwer Gréngland?
  • Méiglechkeeten fir Grénglandschutz:

       -Erhalt vu bestoëndem arteräichem Gréngland iwwer extensiv Notzung

       -Neischaafung duerch Renaturéierung

 

Deel 2, um Terrain:

Visite vu Renaturéierungsflächen zu Grosbous: sträifeweis Renaturéierung a besteeëndem Gréngland


Umeldung bis Dënschdes, 1. Juni 2021 beim SICONA 12, rue de Capellen, L-8393 Olm iwwer E-mail un: manon.braun@sicona.lu, per Fax: 26 30 36 30 oder Telefon: 26 30 36 27.


Opgepasst: D'Zuel vun Teilnehmer ass begrenzt! D'Formatioun (sie fënnt deels dobannen, deels dobausse statt) gëtt duerch de Service d'économie rurale mat 2 Stonnen "Praxis" als Weiderbildung am Kader vun der Landschaftspflegeprämie unerkannt.

Zum letzten Mal aktualisiert am