Beihilfen Informatiounsnomëtteg iwwer Biodiversitéitsprogrammer
- Typ:
- Vortrag
- Ort:
- Centre Culturel - 1, Um Knupp, 9674 Nacher, Luxemburg
- Datum:
- Am 05.03.2025 von 14:00 bis 16:00
- Sprache(n):
- Luxemburgisch
INFORMATIOUNSNOMËTTEG:
BIODIVERSITÉITSPROGRAMMER: ENGCHANCE FIR NATUR A BETRIB
Landwirtschaft a Naturschutz schléisse sech net aus! Den naturpark Öewersauer invitéiert Iech häerzlech op dësen Informatiounsnomëtteg am Kader vun de Biodiversitéitsprogrammer. Kommt a gitt méi gewuer iwwert dëst Instrument, säi legale Kader an d’Méiglechkeet fir d’Biodiversitéit op Äre Flächen ze fërderen a gläichzäiteg vun interessante Primmen ze profitéieren. En informativen Nomëtteg mat hëllefräiche Virträg, prakteschen Ablécker an enger oppener Froeronn. Zesumme fir méi Diversitéit an der Landschaft
Programm:
14h00:
- Begréissung
- Presentatioun vum Règlement Grand-Ducal zu de staatleche Bäihëllefen - Dr. Philip Birget, ANF
- Presentatioun vun de wichtegsten Biodiversitéitsprogrammer am Detail - Naturpark Öewersauer
- Froen- & Diskussiounsronn
16H00:
- Ofschlosspatt
Mellt Iech w.e.g. iwwert de Link hannert dem QR-Code un (cf Flyer). Alternativ per Mail (ecology@naturpark-sure.lu) oder um Telefon +352 89 93 31-231.
D'Veranstaltung gëtt mat 2 Stonnen Theorie am Kader vun der LPP unerkannt.