Lebensmittelsicherheit La sécurité dans mon assiette

Typ:
Konferenz
Ort:
Tramsschapp - 49, rue Ermesinde, L-1469 Luxembourg
Datum:
Am 11.06.2024 um 17:30

Ass et Iech wichteg, Är Wiel vu Liewensmëttel mat vollem Vertrauen ze maachen? Da verpasst net eis nächst Konferenz : „La sécurité dans mon assiette – am Häerz vun der Liewensmëttelketten. Kontrollen a Konformitéit.” Dëst gratis Event ass op fir jiddereen! Egal ob Dir e Konsument sidd oder e Professionellen aus der Liewensmëttelindustrie, dës Konferenz ass déi ideal Geleeënheet, fir Äert Wëssen auszebauen a mat Experten am Beräich vun der Liewensmëttelsécherheet ze diskutéieren.

Mir si frou, fënnef Spriecher*innen ze begréissen, déi hir Expertise an Erfarungen iwwert follgend Themen deelen:

  • Salmonellen am Gefligel
  • Veterinärmedikamenten-Réckstänn
  • Antibiotika Resistenz
  • Quarantäneschuedorganismen bei de Planzen
  • Narungsergänzungsmëttel

D'Konferenz, op Lëtzebuergesch an op Franséisch iwwersat, fënnt a Präsenz vum Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau statt a gëtt moderéiert vum Michèle Weber, der Wëssenschaftsmédiatrice déi aus science.lu bekannt ass.

D’Participatioun ass gratis  Obligatoresch Umeldung op: https://www.emfro.lu/s3/La-securite-dans-mon-assiette-2024